Wëllkomm op der Websäit vun der Monnerecher Musek. Hei fannt Dir Informatiounen iwwert déi nächst Concerten, souwéi aner Organisatiounen.

Ausserdeem kënnt Dir Kontakt mat eis ophuelen oder einfach nëmme Musek lauschteren. Natierlech si Museksfrënn bei eis ëmmer wëllkomm.

29Jan2022
29Jan2022

Musekquiz

Um 20:00 bis 23:59

Centre Culturel ,,Beim Nëssert‘‘ (ënnert den aktuellen CovidCheck Mesuren)

Du quiz gären a bass Musek begeeschtert? Dann ass eise Musekquiz genee dat richtegt fir dech!
Du muss dech net besonnesch mat Tchaikovsky, Brahms a Mozart auskenne fir um Quiz deelzehuelen. Eis Kategorien decken all Epoch of: Sief et oldies but goldies oder wat haut des Daags um Radio ze héieren ass.
Vu Wëssensfroe bis Ouere spëtzen ass alles dobäi!

Gespillt gëtt an Ekippe vu 4-6 Léit.

  • Präiss pro Ekipp: 50€ (Iessen exclus)
  • All Ekipp gewënnt!

Oflaf vum Owend:

  • Gequizzed gëtt am Nëssert zu Biergem
  • Diere ginn um 19h00 op
  • Um 20h00 fänkt de Quiz un
  • Et ginn 7 Ronne gespillt

 

  • Fir Iessen an Gedrénks ass gesuergt

Umeldungen sinn op bis den 10. Januar 2022 per E-mail un: musekquiz[@]monnerecher-musek.net

Méi Informatiounen

Monnerecher Musek