Maach mat

Wat ass en Duerf, eng Gemeng ouni Musek ?

Sidd Dir interesséiert un der Blosmusek ?

Dir spillt schon e Blos- oder Percussiounsinstrument an Dir wëllt net méi nëmmen eleng doheem fir Iech an der Stuff spillen. Dann zéckt net a probéiert emol, wéi et ass, an engem groussen Ensembel ze spillen. Bei der Monnerecher Musek ass all Musikant wëllkomm. A selbstverständlech och jiddfereen, dee soss Spaass um Veräinsliewen huet an eng Hand wëll mat upaken. Wann Dir interesséiert sidd, da mellt Iech beim Dirigent, beim Comité oder bei engem vun eise Musikanten. Dir kënnt awer och ganz einfach eng Kéier an eng Prouf kucke kommen an esou direkt de Kontakt sichen.


D’Harmonie prouft all Woch

dënschdes vun 19h30 bis 21h00

a

freides vun 20h00 bis 22h00.

(ausser an der Summervakanz )

D’Jongbléiser prouwe

freides vu 19h00 – 20h00

(ausser an der Summervakanz )

D’Minibléiser

donneschdes vu 19h00-19h45

(ausser an der Summervakanz )

Comitésversammlunge sinn eemol de Mount


Fir all Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, déi nach keng Noute geléiert hunn an nach keen Instrument spillen, kënnen dat och bei eis léieren an zwar an de Course vun der UGDA’s-Musekschoul, déi bei eis am Musekssall ofgehale ginn. Weider Informatiounen doriwwer fannt Dir op der Säit “Musekschoul”.


Adress vum Museksall :

Monnerecher Museksall
30, rue d’Esch
L-3920 Monnerech

Monnerecher Musek