Sebastian Geis

Dirigent vun der HMM:

Sebastian Geis

Sebastian Geis

De Sebastian Geis, 1986 zu Tongeren an der Belge gebuer, huet am Alter vun 8 Joer säin éischten Trompettekuer an der Musekschoul vu Käerjeng kritt. Do huet hien och Percussioun a Piano geléiert. An der Uewerkäerjenger an an der Käerjenger Musek huet hien seng éischt Schrëtt op der Trompett gemaach. 2001 as hien dunn an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gewiesselt, wou hien säin 1. Präis an der Trompett, Kammermusek, Solfège, Déchiffrage an Harmonie gemaach huet.

No senger 1ère ass de Sebastian op d’Musekshéichschoul vu Mainz gaang, fir beim Prof. Malte Burba am Studiengang “Diplom-Musiklehrer” Trompett ze studéieren. No dësem 4-jährege Studium huet hien nach e Master of Music Studium absolvéiert, och zu Mainz.

Nieft sengem Studium huet hien Trompettecourse ginn, a bei veschiddenen Orchesteren an Ensemblë matgespillt, wéi z. B. Ochester der Hochschule für Musik Mainz, Trompetenensemble Zephir, Neumeyer Consort, Luxembourg Brass Ensemble, Les Musiciens.

Vu September 2012 bis 2015 huet hien am Lycée Aline Mayrisch Musek enseignéiert an ass säit September 2015 als Museksprofesser am Lycée Technique de Lallange an Lycée Technique Esch/Alzette täteg. Am September 2012 huet de Sebastian di flott Erausfuederung als Dirigent vun der Monnerecher Musek ugeholl.

Monnerecher Musek