David Heck

Dirigent vun der MJB

David Heck

Den Heck David ass den 28. Abrëll 1997 zu Nidderkuer gebuer. 

Duerch seng Elteren a Geschwëster ass hien schonn vu Klengem un an der Monnerecher Musek opgewuess. 

Mat 5 Joer huet en seng éischt Schrëtt am Éveil Musical zu Monnerech gemaach. 

No dësen 2 Joer huet en sech entscheet seng musikalesch Weiderbildung am Solfège 3 Joer bei der UGDA  a weider 2 Joer am Conservatoire zu Esch-Uelzecht ze maachen. 

Niewent senger theoretescher Grondausbildung huet en seng Léift fir d’Trompette entdeckt a Kuere beim Guy Kleren, beim Michael Berns an beim Claude Schlimm geholl. 

Ausgezeechent ass en mat engem zweete Präis an der Trompett wei mat enger éischter Mentioun am Dechiffrage an an der Kammermusek. 

Zenter 2018 ass hien responsabel fir eis ganz jonk Musikanten, d’Minibléiser, an 2019 huet hien d’Direktioun vun de Jongbléiser iwwerholl.

2022 huet e sech fir den Poste vum Vizepresident gemellt an schafft mat Häerz an Blutt fir d’Monnerecher Musek.

Zenter 2023 ass hien dann offiziell den Dirigent vun de Jongbléiser an freet sech op zukünfteg Erausfuerderungen.

Monnerecher Musek