Geschicht

D’Gebuertsstonn

Ëm d’Jorhonnertwenn hunn eng etlech Fervente versicht zu Monnerech eng Musek ze grënnen. Et ass awer am éischten Ulaf un de finanzielle Mëttele gescheitert. An engem klengen Duerf um Rand vun der Minettmetropol, mat haaptsächlech landwiertschaftleche Betriber war et net einfach Suen anzedreiwen. Am Joer 1903 waren déi meescht Steng aus dem Wee geraumt an de grousse Wonsch eng Musek op d’Been ze stelle konnt an Ugrëff geholl ginn. Zu senger Zäit goufen d’Instrumenter an d’Noutematerial vun de Musikante selwer bezuelt. D’Prouwe goufe gehalen an der Schräinerei vum Lavandier Jean-Pierre. Och goufen et Geldboussen, wann een deemools net an d’Prouf koum, respektiv net bei de Sortieen derbäi war.

D’Reorganisatioun

D’Musek, déi zanter 1903 den Numm “Société de musique des Sapeurs Pompiers” dréit, gëtt restrukturéiert an duerch eng Statutenännerung, de 5. Oktober 1924, an “Société de musique -LA FANFARE- de Mondercange” ëmbenannt.

D’Nokrichsjoeren

Nom Enn vum 2. Weltkrich goufen d’Aktivitéiten erëm opgeholl. De 17. Mee 1945 gouf den Här Josy COMES, senger Zäit Sergeant bei der Militärmusek, als Dirigent engagéiert. Mat neiem Élan hu sech 7 Comitésmemberen an 28 Musikanten ëm de Neiopbau vun der Musek gekëmmert an hunn erëm un alle Manifestatiounen deelgeholl. 1947 trëtt d’Musek op Wonsch vum Dirigent der UGDA bäi. An de 50er Joeren entwéckelt d’Musek sech zu engem respektabele Klangkierper. 1959 gouf et e Wiessel un der Spëtzt vum Veräin. Den deemolege Buergermeeschter Marcel BOVE iwwerhëlt de Prësidenteposten an neie Vice-Prësident gëtt de Nicolas LORANG. Allebéid schreiwe mat hiren deemolege Kolleegen aus dem Comité an de kommende Joere Veräinsgeschicht mat der Initiativ fir de Bau vun eisem haitege Museksall.

Den Dram vun engem eegenen Heem

Ee gëeegente Proufsall fir eng Musek ze fannen ass net ëmmer evident an esou huet d’Monnerecher Musek iwwert d’Joeren an de verschiddenste Säll hir Prouwe missen ofhalen. Esou wor de Wonsch vum eegenen Daach iwwert dem Kapp an eng fest Plaz fir ze prouwen ze hunn, wuel verständlech. Dëst sollt sech de 14. Abrëll 1960 erfëllen, wou sech de Gemengerot eestëmmeg bereet erkläert huet, der Musek e Stéck Bauland vun 3 Ar ze iwwerloossen. En zweet Stéck Land gouf sech op Initiativ vum Här Nic LORANG ugeschaaft. D’Musek war elo am Besëtz vun engem Terrain vun 8 Ar an 78 ca. D’Joeren 1961 bis 1965 ziele bis haut als déi wichtegst an der Veräinsgeschicht. De 26. Juli 1961 gouf mam Bau vum neie Museksall ugefaangen. Dat Ganzt ass an eegener Regie duerchgefouert ginn. Dobäi ass net nëmme vill Fräizäit dropgaangen, mee vereenzelt Memberen hu souguer hir eegen Existenz op d’Spill gesat an hu fir de Bau gebiergt. De 26. Oktober 1969 war et dunn endlech esou wäit! Deen éischte Concert konnt am neie Museksall gespillt ginn.

Eng Ära geet zu Enn

Am Joer 1972, no 27 Joer, hält den Här Josy COMES als Dirigent vun eiser Musek op. De Komponist Josy Comes hannerléisst der Monnerecher Musek an de Monnerecher Leit net nëmmen e puer flotter Märsch, mee och den zu Monnerech bekannten an eenzegaartege Choral “Les Sacrifiés”. Dëst Wierk gouf zu Éiere vun eisen “Morts pour la Patrie” geschriwwen an de 14. Oktober 1973 ënnert der Direktioun vum Auteur uropgefouert. Dee selwechten Dag nach koum vum Här Léon KREIN d’Iddi op, en Text op dës Melodie ze schreiwen. Dëst gouf schonns zwee Joer duerno op der Journée Commémorative an d’Realitéit ëmgesat.

D’Krisejoeren

An de 70er Joeren huet sech lues a lues déi éischt Krisenzäit fir d’Monnerecher Musek bemierkbar gemaach. Ursaachen heifir goufe beim Bau vum Museksall gesicht, deen esou munchen Effort ofverlaangt huet. Déi finanziell Lag vum Veräin war och net zum allerbeschten an ausserdeem hun och déi nei Uniformen, déi 1972 ugeschaf goufen, fir e Lach an der Keess gesuergt. 1978 huet Musek et sech net huele gelooss, de 75. Gebuertsdag wierdeg ze feieren. D’80er Joere ware gezeechent vun e sëllechen Dirigentewiesselen, déi der Musek sécherlech net profitéiert hunn. Ausserdeem gouf et verpasst un eng nohalteg Jugendpolitik ze denken. An esou huet misse komme wat du schlussendlech onvermeidlech war. Et kënnt zu der gréisster Kris, déi d’Monnerecher Musek bis haut sollt erliewen. Ugangs de 90er Joere sinn nëmmen nach 17,  zum Deel jonk Musikanten, aktiv.

D’Jugendaarbecht

1992 hunn de Jean-Paul MANDER an den Theo PESSERS d’musikalesch Leedung iwwerholl. Virun allem gëtt d’Jugendaarbecht an de Mëttelpunkt vun hirem Schaffe geréckelt. Et gëtt de Versuch gestart mat alle méigleche Mëttelen de Veräin duerch eng geziilte Jugendpolitik um Liewen ze erhalen. Duerch d’Aféiere vun, ënner anerem, enger Porte Ouverte an enger Demonstratioun vum “Éveil Musical” ginn eis Erwaardunge schonns am éischte Joer iwertraff. 12 Schüler melle sech an de Solfège an net manner wéi 26 Butze schreiwe sech am “Éveil Musical” an. Den neie Comité, ugefouert vun eisem President Paul MONDOT, leed de Veräin a rouegt Fuerwaasser a vun elo un zéien d’Musikanten an de Comité un engem Strang. Dat iewescht Zil heescht bis haut: Jugendaarbecht an Neiopbau vun der Musek.

De Centenaire

Fir de Centenaire gouf e klengt Kulturjoer fir Monnerech op d’Bee gestallt, en neie Fändel a selbstverständlech och nei Uniformen ugeschaf, an eng Festbroschür huet natierlech och net gefeelt. Dëse Portrait ass iwwregens e klengen Auszuch aus eiser Veräinschronik, déi an der kompletter Fassung an der Broschür vum Centaire nozeliesen ass. Den Héichpunkt vum Centenaire war den 1. Juni 2003 mat der feierlecher Seenung vun eisem neie Fändel am Kader vun enger “Séance Académique”.

Aus der Fanfare gëtt eng Harmonie…

Den 11. Februar 2006 gëtt aus der “Fanfare de la Commune de Mondercange” d’ “Harmonie Municipale de Mondercange”, déi momentan ca. 50 aktiv Musikanten zielt mat Tendenz no uewen, well eis Jongbléiser an doriwwer eraus eis Instrumental- a Solfègeschüler, d’Zukunft vum Veräin sécheren.

De 25. Mee 2006 huelen d’Jongbléiser eng éischte Kéier un engem Concours deel, an zwar um “Concours pour jeunes formations” deen d’UGDA zu Rammerech organiséiert huet. Si trieden am “Degré B” un a schneide mat 2 “Premier Prix avec Grande Distinction” excellent of.

Den elo erreechten Niveau vun de Jongbléiser mécht et jonke Musikante méi schwéier fir sech schonn no engem Joer Instrumentecours ze integréieren an esou gëtt nach am selwechte Joer decidéiert, en Ensemble an d’Liewen ze ruffen, deen deem erëm gerecht gëtt. Esou entstinn eis “Minibléiser” am September 2006, déi bis haut ënnert der Leedung vum Marij Janssen stinn. Zanter Februar 2007 spillen si ënnert anerem all Joer den Optakt vun der Generalversammlung.

Vu November 2006 bis Dezember 2010 steet d’Monnerecher Musek ënnert der Direktioun vum Här Albert Genen, deemolege Sous-Chef vun der Militärmusek.

D’Joeren 2010 bis haut…

Den 13. Juli 2010 verléisst eis de Jean-Paul Mander fir ëmmer. Hien huet d’Monnerecher Musek zanter den 90er Joeren erëm mat opgebaut a weesentlech dozou bäigedroen, datt d’Monnerecher Musek dat ass, wat se haut ass! Hie war Initiator vu ville gudden Iddien, déi dem Veräin ganz vill bruecht hunn. Ënnert anerem huet hien sech mat villen Initiativen a perséinlech fir d’Jugendaarbecht am Veräin agesat, wouvun d’Musek bis haut profitéiert.

An de Joeren 2011 an 2012 steet d’Musek interimsméisseg ënnert der Direktioun vum Här Marc Treinen.

Den 13. Mäerz 2012 stierft de laangjärege Musikant a Sous-Chef Marcel Hilbert am Alter vu 87 Joer. Hie war nach dee leschte liewende Musikant, deen nom 2. Weltkrich gehollef huet d’Monnerecher Musek erëm opzeriichten.

De Weekend vum 7. an 8. Juli 2012 ass den 1. “D’Jugend rockt beim Nëssert”, wou samschdes Concerte vun eise Mini- a Jongbléiser gespillt ginn a sonndes Concerte fir aner Jugendensembele reservéiert sinn.

No laangem Sichen no engem gëeegenten Dirigentekandidat ass d’Wiel op de jonke Sebastian Geis vun Uewerkäerjeng gefall. Hie gouf no enger Testprouf unanim vun de Musikante gewielt an ass zanter September 2012 bis haut de musikaleschen Direkter vun der Monnerecher Musek.

 

 

Monnerecher Musek