Musekschoul

D’Aschreiwunge fir d’Solfège- & Instrumentalcoursen

D’Aschreiwunge fir d’Solfège- an Instrumentecourse si bis spéitstens de 15. Juni vun all Joer a fir den Éveil Musical Mëtt September – Oktober vun all Joer. De Stonneplang ka vu Joer zu Joer variéieren a gëtt spéitstens am September vun all Joer festgeluecht.

Musekscourse bei der Monnerecher Musek

Zënter Ufank de 90er Joere ginn d’Solfège- an d’Instrumentecourse bei der Monnerecher Musek, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Gemeng Monnerech, vun der UGDA organiséiert. Dës Course stellen dee wichtegste Punkt vun eiser Jugendaarbecht duer a garantéieren eisem Nowuess eng musikalesch Grondausbildung, déi je no Talent an individuellem Intressi an engem vun de Lëtzebuerger Conservatoirë verfäinert a virugefouert ka ginn. Deemno sti jiddfer Schüler, dee bei eis d’Musekscourse besicht all Dieren op, säin eegene Wee an der Musek ze goen, ganz egal op hien d’Musek “nëmmen” als Hobby bedreiwe wëll oder villäicht gréisser Ambitiounen huet. Déi éischt Schrëtt kann een an eiser Musek scho mat 5 Joer (Cycle 1.2) maachen, andeems een am “Éveil Musical” dee sech un de Methode vum Carl Orff orientéiert, d’Musek am “spille” léiert. D’Josée Mander bekëmmert sech schonns zënter Joere mat vill Asaz, Häerz a Léift, mee awer och mat vill Gedold a Fangerspëtzegefill ëm déi klengste “Butzen” a versicht hinnen iwwert Spill, Gesang, Danz a Rhythmus, d’Musek méi no ze bréngen. Ab dem 2. Joer Éveil Musical kënnt dann och eng hallef Stonn Blockflüttecours derbäi. D’Course vum “Éveil Musical” sinn all Samschden Nomëtten (ausser an de Schoulvakanzen) vun 14.00 – 16.30 Auer am Musekssall. Den Éveil Musical ass awer net Flicht fir kënnen d’Solfègecoursen ze besichen. Ab 7 Joer (Cycle 2.2) kann ee sech am Solfège Préparatoire aschreiwen. Hei geet et direkt lass mat Nouteléieren an no engem Joer Solfège däerf ee sech schonn en Instrument eraussichen. Da stinn nieft weideren 3 Joer Solfège och nach eng hallef Stonn Instrumentecours pro Woch um Programm. D’Solfège- an d’Instrumenteschüler gi vu professionelle Chargés de Cours vun der UGDA ausgebilt an d’Programmer ginn an Zesummenaarbecht mat de nationale Musekschoulen a Conservatoiren ausgeschafft. Mee mat Solfège eleng mécht een awer nach keng Musek an dofir brauch et och kompetent Musiker, déi eise Schüler d’Konscht an d’Beherrschung vun hire jeweilegen Instrumenter bäibréngen. Et handelt sech hei ëm individuell Coursen, wou all Schüler je no Joer 20 bis 45 Minutten Instrumentecours kritt. Et sinn dëst déi fir eis Musek esou wichteg Coursen, déi e groussen Undeel vum ganze Stonneplang ausmaachen an esou de Musekssall déi ganz Woch a Beschlag huelen.

Monnerecher Musek