Marij Janssen

Dirigentin vun de Minibléiser

Marij Janssen

De 17. August 1985 ass d’Marij Janssen zu Leuven an der Belge op d’Welt komm. Als klengt Meedchen ass hatt an d’Abdijschool Vlierbeek gaangen an dat bis d’éischt Schouljoer. Am August 1992 ass seng Famill op Lëtzebuerg geplënnert a vum September un ass hatt hei zu Monnerech an d’Primärschoul gaang. Duerno huet hatt am Lycée Hubert Clément zu Esch säin Diplôme de fin d’Études secondaires gemaach an ass weider Ekonomie op d’Universitéit Lëtzebuerg studéiere gaang. Seng Studien huet hatt mat engem Masterdiplom an der Finanz 2011 am Centre Européen Universitaire zu Nanzeg ofgeschloss.

Déi musikalesch Welt huet d’Marij 1991 zu Leuven betratt, wou hatt mat Solfège a Blockflütt an dem Muziekatelier De Vlier ugefaangen huet. Bei der Mme Schockmel zu Monnerech huet hatt mam Solfège weider gemaach. D’Mme Aubertin an de M. Denis hunn dem Marij Coursen an der Flütt ginn an am September 1996 huet hatt sech dann am Conservatoire zu Esch ageschriwwen (Flütt, Harmonie, Musique de Chambre, Déchiffrage, Analyse). 1999 huet d’Marij geduecht dass et jo awer flott wier, wann hatt nach en zweet Instrument géif léieren an huet sech du fir de Piano entscheed. 2003 huet hatt den Diplôme Supérieur am Solfège krut. Hatt huet och un enger Parti Flütt- a Piano-Stagen hei am Land an am Ausland deelgeholl an zënter 2010 begleed hatt verschidde Choralen um Piano.  An der Flütt huet hatt den 1. Präis beim M.Müller an am Piano den 2. Präis bei der Mme. Orazi gemaach.

2006 huet den Théid hatt mat engem weidere Musiksmikrob ugestach, ënnert dem Numm Minibléiser. Zënterhier dirigéiert hatt mat voller Freed eis Nowuesstalenter.

Monnerecher Musek