Claude Mander

Dirigent vun der MJB

dirigent

Claude Mander

De Mander Claude ass den 11. September 1991 zu Esch/Alzette gebuer. Duerch seng Elteren huet hien als klengen Butz schonn frei Freet un der Musek fonnt. Mat 5 Joer ass hien op Monnerech an den Éveil Musical gaangen, wou hien duerno seng 3 Joer Solfège bei der UGDA gemeet huet.

Well hien es dunn nach net genuch hat, ass hien weider an den Escher Conservatoire gaang, wou hien säin 1.Präis am Solfège, säin 2.Präis am Cor en Fa, an säin Déchiffrage gemeeschtert huet. An am Moment ass hien nach an der Kammermusek.

Vue dat säin Monni den Théo Pessers en neien Dirigent fir Jugendkapell gesicht huet, huet de Claude net laang gezéckt an huet vun September 2015 un dësen Posten iwwerholl.

 

Monnerecher Musek